Die Kräuterhexe

Mit Leidenschaft für Kräuter

Wien sinn ech? Hannert jidder Liewen steet eng Geschicht. Anescht als gewéinlech.. Ech sinn méi ewéi oft an mengem Liewen gestolpert an gefall, mais ëmmer nees obgestaan.  

Ech sinn ewéi esou vill Persounen an dem Minett een Kand aus der Immigratioun. Et freet mech, dass ech mat dëser Säit mengen Frënn an Lieser kann meng Passioun vir Heel Kraider, Planzen an Beem méi no bréngen. Séit menger fréier Jugend hat ech d 'Chance ëfters kennen am Saarland bei menger Giedel Vakanz ze maachen. Deemools sinn ech oft mat den Fraen vun der Famill Heel Kraider plécken gaangen, vir ze dréchnen, an am Hierscht hunn ech och kennen mat den Männer an d’Dännebëscher kennen mat Champignonen plécken goen. Bon dëst huet mech ni esou richteg gereizt vir et eleng ze maachen wëll en dofir wierklech muss um Ball bleiwen vir kennen all Champignon kennen ze leieren an dobäi och néicht Falsches ze plécken. Mais d ‘Kraider hätten mir et ugedoen. 

D ‘Fraen hunn deemools net nëmmen dës gedréchent, mais se hunn se an den Ueleg geluecht oder an den Alkohol. No e puer Wochen hunn se dunn virdéicht d 'Kraider déi am Ueleg mazeréiert hunn, ofgeschott an ausgepresst. Mat dësem Ueleg hunn se Salwen, Crèmen oder och ganz einfach den erstanenen Mazerat an kleng däischter Fläschen gefëllt vir d ‘Gelenker oder soss Kierperplaatzen anzereiwen. No ongeféier 2 Méint gouf och dunn Alkohol Mazerater ofgeschott. 

Dës goufen dunn entweder als Verdauungslikören verschafft oder och an kleng däischter Fläschen agefëllt an als homeopathesch Medikament Drëppchen weis bei verschidden Boboen ageholl. Vir mech klengt Meedchen huet dat ganzt ausgesinn ewéi Hexerei. Bon ech weess zwar dass méin Papp eis oft Verbänn gemeet huet mat Wëllschwäischmalz an Péiterséileg, wann mir en Noolëmlaff haten. 

Oder och déi vill gutt waarm Kraider Téi 'en oder och Mëllech Auszich déi mir Doheem gekacht kruten wann mir krank waren. Natierlech sinn ech ëmmer an mengem Liewen den verschiddenen Kraider trei bliwwen, wéi zum Beispill der Brennnessel, wou ech ëfters mengen Kanner eng Geméiszopp gekacht hunn wou ech haaptsächlech d ’Brennnessel dran verschafft hunn, ouni dass se eppes dovun matkruten.. ech wollt jo net dass se géifen refuséieren d ‘Zopp ze iessen. Ob dës Planz kommen ech spéider eng Kéier drop zeréck, well dës Planz déi wichtegst ass déi et an der Natur gëtt. Meng Heel Planzen Säit beschäftegt sech am wesentlechen ëmmer mat der Froe: Wéi kënnen mir den Mënschen an gesonden Deeg mat der Planz, déi ëmmer en Nahrungsmëttel ass, géint Krankheeten an Infektiounen widerstännech maachen an hien am Eeschtfall mat hier vun dësen Erscheinungen befreien?

Grondsätzlech no eegenem Gesetz wëll liewend Planz, déi hier Nahrung selwer sicht an doduerch hier ganz bestëmmten Wierkungsstoffer entwéckelt.  Am Laf vun der Zéit ass allerdéngs den Heel Planzen Ubau schonns esou wéit virgeschratt, dass mir och mat kultivéierten Heel Planzen rechnen mussen.  Et ass just ze wënschen dass hier Liewensbedingungen bei hirem Ubau ëmmer besser erkannt ginn. Dat wesentlecht Problem ass hei, änlech wéi an der ganzer Land- an Gardenwirtschaft, d'Froe vun der Düngung. Méin Alen Saatz: “Mëscht ass Mysterium”, dat heescht dass d ‘Fro vun der Mëscht eng Mysterienfro ass, déi ass Haut erëm rëscht aktuell ginn. D ‘Mëscht ass net ouni Vëlker eng “helleg Mysterië”, un där no hirem Wëssen d ‘Zukunft vun den Mënschen an vun den Déieren berout.

Mat den Fabrick hier gestallten Drogen Beschäftegt sech méng Säit net, dofir betruecht et awer d’Homeopathie, so weit se mat Planzen Stoffer heelt, als eent an der Heel Planze Konn familiäert Gebied.
Mais bon ech wëll iech haaptsächlech déi Planzen méi no bréngen déi dir all Dach kënnt Dobaussen gesinn, an déi iech vir är Gesondheet eppes bréngen kënnen. 

Meng Erklärungen mat villen Biller an och Rezepter, vir dës Planzen ze verschaffen schreiwen ech hei an dësem Buch no den Joereszäiten an wann méiglech esou ewéi se no an no an der Natur zum Virschäin kommen. Natierlech stinn ech iech och ëmmer zu Säit wann dier weider Froen hutt oder vir villäicht och eng Kéier an engem klengen Krees zesummen an d ‘Natur ze goen vir dass dir selwer léiert Planzen ze plécken, natierlech ob Platzen wou nët gedüngt an och keen Auto ‘s Verkéier ass. Also an der gesonder Natur. Kommen mir awer zeréck wéi ech an mengem spéideren Liewen zeréck un d’Welt vun der Heel Kraider komm sinn.  Ech sinn mat iwwer 55 Joer krank ginn.. mat Häerz Kreeslaf Problemer, natierlech oft bedéngt duerch dat Haut stressegt Aarbecht Liewen. 

Ech hunn dunn an engem grousser Firma geschafft wou ech am 3 Schichten System an enger Zentral täteg war. Also alles anescht wéi gesond vir den Kierper... Keng reegelméisseg Schlofzäiten, keng reegelméisseg Moolzechten etc etc. Dunn 1. Häerz Infarkt, 8 Deeg nodeems ech en éischten Stent gesat krut hunn war ech erëm ob der Aarbecht.. Dunn 8 Méint drop 2. Häerz Infarkt, haalt erëm 2 Stent ’en gesat krut , dunn koum en Accident vasculaire cérébrale e puer Méint dono... an ëmmer natierlech erëm weider geschafft.. Dunn hunn ech bei mir geduecht... dat kann et net sinn... 

Hunn d ‘Décisioun geholl an d’Pré-Retraite ze goen an erëm eppes Anescht ze maachen, mais eppes wat mir an menger Gesondheet ze gutt kënnt ... Ech hunn d ‘Méiglechkeet gesicht vir mech an der Heel Kraiderkond weider ze bilden.  Dës Méiglechkeet ech bei enger Dame fonnt zu Homburg-Einöd. Ech hunn mech also bei der Gabriele GEIGER an “Heilpflanzenschule und Naturheilpraxis” ageschriwwen wou ech dunn wärend verschidden Weekender, wärend 2 Joer meng Ausbildung an der “Phytotherapie” gemeht hunn. Et waren zwee spannend Joren wou ech mat 10 aneren Fraen vill flott Momenter erlieft hunn. Ech hunn geléiert erëm mat der Natur ze liewen an och méin Liewen ze änneren. Ech konnt mat der Zäit ze guer verschidden vun mengen Medikamenter ofsetzen an duerch natierlech vun mir selwer hier gestallten Mëttel ersetzen. Ze guer meng Dokteren waren erstaunt ewéi séier ech mech vun all deenen Krankheet ‘s Akzidenter erholl hunn.  Haut liewen ech en ganzt normaalt Liewen an ech hoffen dass ech och weider esou gutt weider liewen kann. 

Natierlech mat der Hëllef vun den Heel Kraider déi mech stänneg begleeden. An den leschten Joren hunn meng Kanner an Bekannten mech bedrängt, méin Wëssen an meng Erfarungen , wat Uwennung Méiglechkeeten an Wierkungen vun den Kraider an den Heel Planzen betrëfft, ob ze schreiwen. Och gouf den Wonsch geäussert iwwert meng gesond Liewensweis. No laangem hin an hier hunn ech dann elo decidéiert dësem Wonsch no ze kommen. Beim schreiwen setzen ech dann elo Haut hei an menger Stuff – hmm also an mengem “Hexen Labo”, wei en klengt Meedchen et eemol genannt huet. Et hänken Kraider Straiss un den Regaler, an deenen stinn Fläschen mat Tinkturen, Sirop ‘en, souwéi vill Tuten mat Téi Zochten Mëschungen, Salben Dëppercher etc... 

An mengem Gaart stinn verschidden Héichbeeter mat Kraider mee mäin Kraider Gaart ass Dobaussen an der fräier Natur...Dësen Gaart bedeit mir alles. Et gëtt mir alles wat ech am Liewen brauch. Meng Kraider halen mech gesond an och den klengen Geméis Gaart deen ech an engem Héichbeet hunn erniert mech. Dobaussen fannen ech och geeschtlech an séilesch Entspanung. Wat wëll ech dann nach méi? Ech géif mir wënschen, allen d ‘Lieser vun dëser Sait d’Undeitung an och d’Motivatioun ze ginn, hier Liewensweis an d’Ernierung ob gesond an natierlech Basis stellen, domat den Kierper an d ‘Séil méiglechst laang gesond bleiwen.  

Är Kraiderfra

Ihre Kräuterfrau
Mein Name ist Monique Meyer, und ich bin zertifiezerte Phytothérapeutin.
Ich bringe euch gerne die Kraft unserer heimischen Kräuter nächer..
Sie werden staunen was unsere Natur uns Gutes für unsere Gesundheit, schenkt.
  •  29/09/2024 10:00 - 29/09/2024 18:00
  •   Redingen, Luxembourg

Den 29. September 2024 ass et endlech esou wäit: déi 11. Editioun vum Kropemannsfest fënnt statt! 📌 Réiden/Atert (LU) Wat erwaart Iech? 🛍️ Hobby- & Konschtmaart mat Informatiouns- & anere Maartstänn 🎶 Musek op 4 Bünen 🧒🏼 Kanneranimatioun 🌭🥂 Iessen & Gedrénks 🎟️ Gratis Entrée & 🚌 Navetten D’Ouverture ass um 10:00 Auer hannert dem Worréshaus (11, Grand-Rue) mat Politiker-Theater an Ëmfang vum Kropemann. Kommt laanscht, mir freeën eis op Iech! Org. : Kropemannsfest asbl

  •  28/09/2024 11:00 - 28/09/2024 18:00
  •   Am Duerf, Dudelange, Luxembourg

Nachhaltige Produkte & Alternativen · Nachhaltige Technologien · Ökologisch Wohnen · Recycling & Müllvermeidung. In deiner Nähe. Unverpackt-Läden. Aktionen.

  •  21/09/2024 00:00 - 22/09/2024 06:00
  •   Beringen Mersch, Luxembourg

Wée all Joer ass dët nees en flotten Event

  •  20/09/2024 17:00 - 21/09/2024 01:00
  •   Hosingen Parc Hosingen, Luxembourg

⭐️Den 20.9.2024 ass rëm Nuetsmaart zu Housen op der Fräizäitwiss vis-à-vis vun der Gemeng ⭐️

  • Dudelange, Luxembourg
  • 23, rue Gaston Barbanson L-3415 Dudelange